Fënsterdall

[:lb]Ni vu ni connu: d’Campplaz vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten am “Fënsterdall”

De Fënsterdall bei Miersch ass e Geheimtipp ënnert de Campplazen zu Lëtzebuerg. Si gehéiert der A.S.B.L. vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a steet all LGS-Grupp zur Verfügung:

• si ass ideal fir Gruppe bis maximal 100 Campeuren

• si ass op tëschent Ouschteren an Allerhellgen

• op der Wiss matzen am Bësch sinn en Iwwerdaach, eng Feierplaz a chemesch Toiletten an der Campsaison

• déi idyllesch Campplaz ass accessibel fir Gefierer an et ginn eng hallef Dose Parkingsméiglechkeeten

• op der Plaz fënnt een en Drénkwaasseruschloss an d’Feierholz kann ee ronderëm am Bësch oprafen

• d’Konstruktiounsholz gëtt op Demande (op d’mannst zwou Wochen am viraus) fir d’Zäit vum Camp op engem Won op d’Campplaz gestallt, dës Ufro kann natierlech direkt am Reservéierungsformulaire gemaach ginn ; verbëtzten Dännestaange musse leider verrechent ginn

• fir méi Informatiounen an d’Reservatioun, kontaktéiert dir w.e.g. de Verwalter Jeannot Bourg:

Tel: 23 63 04 77

GSM: 621 18 45 53

Fax: 26 61 04 77

E-mail: fensterdall@asbl.lgs.lu

Internet: www.scotel.lu

Panneau Fënsterdall

https://youtu.be/E0EJmuDi7MA[:]