Neihaischen

[:lb]Zënter méi wéi 50 Joer ass de Centre de Formation et d’Animation “Chalet Nicolas Rollinger”  mat senger Kapell, senger Campplaz vu 50 Ar a sengem Scoutsbësch vun 3 ha mam Native Village en nationale Formatiouns-, Animatiouns- an Ëmweltzenter am Déngscht vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

D’Neihaischen läit manner wéi 10 Km vun der Stad Lëtzebuerg wech an de Chalet läit baussent der Uertschaft laanscht de Bësch. Mat der Buslinn 144 Lëtzebuerg-Gare-Neihaischen, vun der Tréirer Autobunn aus (Sortie Cargozenter) oder mam Zuch Lëtzebuerg-Waasserbëlleg (Arrêt Gare Mënsbech) ass de Chalet liicht ze fannen.

De “Chalet Nicolas Rollinger” ass en agrééierte Centre d’Hébergement, dee mat den nationalen Normen an Standarde fir Hygiène a Sécherheet konform ass.

81 Better, 8 Dortoiren an Sanitären op den zwee Stäck, 2 Säll fir Aktivitéiten, Sanitären an eng professionnell Kichen um Rez-de-Chaussée, Duschräim, Garage a Killzell am Keller kënne vu Guiden- a Scouts-, respektiv Jugendgruppen, Schoulklassen a Privatvereenegunge gelount ginn.

D’Kapell ka separat oder mam Chalet gelount ginn. D’Campplaz ass mat Sanitärcontaineren, dem “Gilwel-Schapp” an engem Woodstock fir Konstruktiounsholz ausgerüst a kann ouni de Chalet gelount ginn.

D’Lëtzebuerger Guiden- a Scouten A.S.B.L., respektiv hiere Comité Neihaischen ass de bénévole Propriétaire-Gestionnaire vum Centre de Formation et d’Animation “Chalet Nicolas Rollinger”.

Reservatiounen

Kontaktéiert w.e.g. de Büro vum Centre de Formation et d‘Animation “Chalet Nicolas Rollinger”:

1 rue Principale
L-5290 Neihaischen

Grand-Duché de Luxembourg

Tel: (+352) 35 76 45
Fax.: (+352) 26 35 21 66
Handy: (+352) 691 437 559 (Steve Nicloux)

E-mail: chalet@scotel.lu

Site Neihaischen

Méi Informatiounen um Internetsite: www.scotel.lu

[:]